Brasserie Restaurant „Am Duerf" logo

Brasserie Restaurant „Am Duerf"

Gutt Traditioune soll ee behalen, a virun allem genéissen.

Bei eis „Am Duerf" erwaart Iech eng Mëschung aus Lëtzebuerger Kichen a klassesche Brasserie-Platen – vu Pastéitchen a Kniddelen iwwer Wäinzoossiss bis Fleesch um Steen. Mat Léift gekacht an an enger gemittlecher Atmosphär zerwéiert.

Huelt Plaz a loosst Iech et schmaachen!

4, Rue de Tétange, Kayl+352 26 56 06 18

Plat vum Dag um Dësch
Sall vun der Brasserie Restaurant Am Duerf
Detail um gedeckte Dësch an der Brasserie Am Duerf
Eis Kaart — d'Menu vun der Brasserie Am Duerf

Eis Kaart

Vun Entrée bis Dessert fannt Dir bei eis eng Auswiel u Platen, déi fir gemittlech Momenter a gutt Gesellschaft gemaach sinn.

Nieft eiser traditioneller Kaart proposéieren mir während der Woch och Dagesplaten, déi reegelméisseg variéieren. Zousätzlech preparéiert eise Chef all Mount nei Suggestiounen, déi jee no Saison an Inspiratioun zesummegestallt ginn.

Illustréierte Panorama vu Käl

Eis Ëffnungszäiten

Méindeg
12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Dënschdeg & Mëttwoch
zou
Donneschdeg
12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Freideg
12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Samschdeg
12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Sonndeg
12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Sall vun der Brasserie Am Duerf
Cordon bleu vun der Brasserie Am Duerf

Privat Gruppen & Feieren

Sicht Dir eng gemittlech Plaz fir eng Feier mat Famill, Frënn oder Kollegen? Bei eis „Am Duerf” kënnt Dir eis Salle Fondue & Pierrade als private Raum reservéieren. Ideal fir Gruppen bis zu 30 Persounen.

Egal ob Gebuertsdag, Familljefeier oder Firmeniessen: Mir bidden Iech verschidde Méiglechkeeten, vun à la carte iwwer individuell Menüen bis hin zu Fondue, Raclette oder Pierrade.

Illustréierten historesche Plaz zu Käl

Fir eis ass „Am Duerf” net nëmmen eng Plaz wou zesumme giess gëtt, ma och eng Plaz wou zesumme gelaacht gëtt, gefeiert gëtt. Wou jiddereen sech wuel, a wéi doheem fillt.

Cynthia & Ben

Cynthia & Ben, d'Wiirt vun der Brasserie Am Duerf
Brasserie Restaurant „Am Duerf" logo

Huelt Plaz a loosst Iech et schmaachen!

Reservéiert einfach hei iwwer eise Site oder rufft eis un um +352 26 56 06 18.